Sëtz, Plaz, Fouss

Samsdes vun 9:00-10:00

 

Hei gëtt klassesch Konditionnéiert, also positif Bestärkung duerch Kichelchen/Spillsach/Luew.

 

Fir Muppen ab +- 6 Méint

Firwat brauch de Mupp eng Erzéihung ?

Eng artgerecht Muppenerzéihung wou spilleresch an trotzdem konsequent ëmgesat gëtt, ass d’Grondlag vir een harmonescht Zesummeliewen mam Hond an der Famill an am Alldag. D’Muppererzéihung baséiert emmer op kloren Regelen déi den ‘Hundeführer’ sengem Hond muss vermëttelen. Des Regele vermëttelen dem Hond eng Sëcherheet, an heen betruecht doduerch säin Meeschter als Rudelführer. Vir dat äeren Hond des Regele unhëllt ass d’Bindung an d’Vertrauen zum Hond ganz wichteg. Een Hond ass e Rudeldéier, an wéi de Numm et schon seet, weël den Hond geleet gin. Vir dass den Hond deët gäere mëcht ass d’Motivatioun iwert eng Spillsach oder mat Leckerlie ganz wichteg, doduerch léiert äere Mupp gäere follegen, well et soll jo keng Strof sin.

All Hond (egal wéi al de Mupp ass) kann duerch de richtegen Training mat kompeteten an erfuerenen Traineren follege léieren an och negativ Verhalensproblemer bei eeleren Muppen verbesseren sech durch e gudden Training. Duerch richtegt Belounen erzielt een mat all Hond, egal op Rassenhond oder Mischling, no kurzer Zait déi éischt Erfollegserlebnisser, wat dem Hond an sengem Meschter rieseg Spass mescht.

Wat bidd Iech eis Gehorsamsschoul ?

Mir léieren Iech d’Kierpersprooch vun äerem Hond, an wéi dir musst op äeren Hond agoe, fir dat dir mat him zesumme kënnt een Team gin. Op dëser Vertrauensbasis weisen mir Iech déi éischt Basisübungen, wéi de Sitz, de Plaz, bei Fous goen, de Mupp ruffen, de Mupp an de Plaz leen a fortgoen, richteg iwert den Zebrasträifen goe mam Mupp, de Mupp léieren Trape goen, richteg spillen, de Mupp léieren eppes sichen goen a brengen … Dës Basisübunge gi fir den Ufank mat der Léngt trainéiert. Wann den Hond dës Befehler befollegt, gëtt de Schwieregkeetsgrad gesteigert, an mir fänken dann un ouni Lenkt ze trainéieren, wéi z.B. bei Fous ze goen ouni Léngt, oder de Mupp muss ouni Léngt roueg sëtzen wann aner Muppen lanscht gin, …

Mir trainéieren net nëmmen op eisem Terrain, mee och op aneren öffentleche Plazen, dëst erméiglecht eis äeren Hond an alle Situatioune ze gesin an iech Rotschléi fir den Alldag ze ginn, well et eis net duergeet wann äeren Hond just op eisem Terrain follegt, mee mir wëllen de Mupp am Alldag sozialiséieren an iech den Alldag mam Mupp vereinfachen.

De Gehorsamscours gëtt ëmmer vun méi Traineren gläichzäiteg geleed, sou dat mir d'Méiglechkeet hun, de Bedürfnisser vum Mupp nozekommen an de Mupp no sengem momentanen Ausbildungsstandpunkt ze förderen. Dëst gëtt eis och Méiglechkeet fir méi spezifesch op den enzelne Mupp anzegoen an fir op äer perséinlech Froen ze äntwerten, well fir ca. 6 Muppen een Trainer zur Verfügung steht. 

 

 

D’Ziel vun eiser Gehorsamsschoul :

-          de Mupp léiert sech frieme Persounen géigeniwer richteg ze behuelen (z.B. net dem Jogger oder de Veloen nolaafen, keng friem Léit usprangen, net aner Déieren joen…)

-          de Mupp léiert de fridlechen Ëmgang mat anere Muppen

-          de Mupp léiert an alle Situatioune roueg an ouni ze zéihen an der Léngt goen, Sitz oder Platz machen wann de Meschter dat wëll, Kommen  wann dir e rufft, …

-          mee och dem Hond sain Meeschter léiert d’Kierpersproch vu sengem Hond a vun aneren Muppen ze verstoen an doduerch Konfliktsituatiounen ze vermeiden duerch richtegt Handelen

-          Trainere stin selbstverständlech fir all äer Froen iwert Muppenerzéihung zu Verfügung, wéi z.B. Froen iwwert d’Gesondheet, d’Ernährung, …

Ganz wichteg : d’Erzéihung vum Mupp soll SPASS sin vir de Mupp an sain Meeschter !!

Wat sollt dir matbrengen

äere Mupp  :-)      !!!wichteg : de Mupp soll ca. 3 Stonnen virum Training  net gefiddert ginn

-          een Halsband, z.B. Leder, Nylon,..  (w.e.g. keen Würger ouni Stopper, keen Stachelhalsband)

-          eng Lenkt vun 1-2m z.B. Leder, Nylon, .. (keng Flexi)

-          den Impfpass

-          eng Kopie vun der Haftplicht

-          kleng Leckerlien

-          eng Spillsach

-          wiederfest Kleedung

 

an vill SPASS a LOSCHT fir ze trainéieren

 

!!!Wichteg !!!

All Mupp muss entwuermt, géint gängeg Hondskrankheeten, Tollwut, an Zwingerhouscht geimpft sin.

 

 

Fir all weider Renseignementer kënnt dir gäeren uruffen beim Romaine Noé 888322 / 621350015 oder beim Corinne Bormann 621715876, no 18 Auer