Info:

Fir de Moment si keng frai Trainingsplaazen fir den Agility disponibel. Mir hoffen op Aert Verständnis.

Muppen fir de Welpen an de Gehorsamstraining gi weiderhin ugehol.

Waat ass Agility ?

 

Agility ass eng Teamsportart op sechs Been (4 Patten an 2 Been J). Beim Agility muss een Geschecklechkeet vum Hond an vum Hundeführer enner Beweis stellen. Den Hindernissparcours deen aus enger Schaukel, Tunnel, Hürden, asw. besteed soll an der klengst meiglecher Zeit gemeechtert gin. An den wöchentlechen Trainingen leiert de Mupp ouni Lenkt, Halsband, Beréierungen oder aner Hëlefsmëttel, ausser der Stëmm an Handzeechen vum Hondsmeeschter (deen natiirlech och muss matlaafen), de Parcours ze laafen. Als Motivation get den Hond mat Leckerlien oder mat senger Spillsach belount. Den Agility ass net nemmen vir den Hond, mee och vir den Meeschter een Ausgleich zum Alldaag. Duerch mental an kierperlech Usträngung am Agility ass den  Mupp beschäftegt. Dest dreit dozou bei datt den Hond mei ausgeglach ass, waat sein sozialt Verhalen stärkt.

 

Ween kann Agility machen ?

 

Agility ass fir jiddereen, egal op jonk oder aal, dee sech sportlech aktiv am Clubliewen engagéire well. Eng Viraussetzung ass datt een  en Hond huet, egal op grouss oder kleng, aal oder jonk, Rassenhond oder Mischling. Des weideren brauch den Hond eng Basis vun Grondgehorsam (Sitz, Platz, Bleiw, Komm), och wann speider op Distanz geschafft get.

Doduerch datt den Leeschtungsniveau vun den Honn enerschiddlech ass, trainéiren mir Samsdes getennt, vir mei spézifesch op d’Ufänger an d’Fortgeschrattener kenen anzegoen. Mee et ass eis och ganz wichteg datt d’Ufänger vun eisen Fortgeschrattener duerch Rotschléi Übungen, an Nokucken léiren, an dovir trainéiren mir eenmol Woch zesummen.

 

Ziel vum Agility :

 

D’Haaptziel vum Agility ass Spass mam Hond ze hun, et stärkt Vertrauen an Bindung teschend Hond an ‘Hundeführer’. Doduerch datt de Mupp op Distanz ouni Lenkt gefouert gett, gett sein Gehorsam gefestegt.

Mir bidden Iech d’Méiglechkeet, wann äeren Hond bis secher an zouverlässeg de Parcours meeschtert, fir un Concoursen deelzehuelen. Concoursen sin agedeelt a verschidden Leeschtungsstufen, dei rem ennerdeelt sin, no der Gréisst vum Hond. Et gett och eng Klass vir Senioren a Molossen (zB. : Bernhadiner, Berner Sennenhonn, …).

Wat soll dir matbrengen ?

      -     aere Mupp J            !!!wichteg : de Mupp soll ca. 3 Stonnen virum Training

        net gefiddert gin

-         een Halsband, z.B. Leder, Nylon,..  (w.e.g. keen Würger oder Stachelhalsband)

-         eng Lenkt vun 1-2m z.B. Leder, Nylon, .. (keng Flexi)

-         den Impfpass

-         eng Kopie vun der Haftplicht

-         kleng Leckerlien

-         eng Spillsach

-         widerfest Kleedung

 

an vill SPASS a LOSCHT vir daat mir kenen an der Grupp mat enger gudder Ambience trainéieren.

!!!Wichteg !!! All Mupp muss entwuermt, géint gängeg Hondskrankheeten, Tollwut, an Zwingerhouscht geimpft sin.

Vir all weider Renseignementer kennt dir gaeren uruffen beim Romaine Noé 888322 oder beim Corinne Bormann 621715876