Fair & entspaant mam Hond duerch den Alldag.

 (Kierpersproochlech Erzéihung vum Mupp)

 ... och fir Léit mat méi wéi just engem Mupp

 

 

Wéini? - ca. 1 mol am Mount ass een Theoriesmëtteg mat uschléissendem Intensivtraining

- no dem Theoriesmëtteg kennt dir um Alldagstraining deelhuelen. Dësen fënnt normalerweis   Samsdesmoies um 10:15 Auer statt, och aner Deeg an aner Auerzaiten sin je no Disponibilitöit vun den Traineren méiglech.

 

Wou?   beim Hondsterrain, op enger ëffentlicher Plaz, oder eben do wou Hellef gebraucht gëtt ;-)

             Raum Groussbus, Ettelbréck, Dikkrech, Miersch

Wou genau kritt dir vun Woch zur Woch matgedeelt.

 

Dauer? Mat aerer Joereskaart kënnt dir während 12 Méint deelhuelen.

 

U wien riicht sech desen Training? 

Un alleguerten déi Léit wou Alldagsschwieregkeeten mat hierem Mupp oder Rudel hun. 

z. B. - wann äeren Hond op aner Muppe reagéiert, ubillt, knurrt etc.,

        - äer(en) Mupp(en) net ënnert Oflenkung nolauschtert.

        - wa permanent un der Léngt gezu gëtt

       - mat méi Muppen gläichzaiteg kennen trëppelen

       - Veloen, Jogger usprangen

       - etc.

 

Dir kritt am Theoriesdeel an Intensivtraining all néideg Theorie a Praxis mat op de Wee fir duerno kënnen entspaant man Hond duerch den Alldag ze kommen. Den Alldagstraining ass do vir gemeinsam mat den Honn den Alldag ze erliewen (spazéieren goen), an Iech dann och "Tipps" ze gin, wann et nach néideg ass.

 

Mir ënnersträichen explizit, dat och een "Probleemhond" hei wëllkomm ass.

 

Ziel: roueg duerch Alldagssituatioune kommen ;-)

 

Am Beschten ass wann dir Iech schon's frei aer Plaz reservéiert.

per mail op agilitysport@web.de oder corinne-bormann@pt.lu

oder per Tel: 621 715 876, no 18 Auer. 

 

 


Hei nach e puer Informatiounen, wat mir alles machen.....

 

Trotz dat mir an eiser Hondsschoul Prioritéit op d'Sozialiséierung vun eisen Muppen léen, doduerch dat d'Muppen z.B. vill dierfen zesummen spillen, hun mir z.B.  keen Zuch deen iwert eisen Trainingsterrain fiert. Wann mir awer wellen eis Muppen zu  'Alldagstauglech-Muppen' erzéihen, geet den Training um Terrain net duer fir d'Muppen beschtméiglech ze sozialiséieren, wat erklärt firwat dass des Zort vun Training esou wichteg ass. 

Eng optimal Sozialiséierung ass wichteg fir all Hond, dat fänkt beim Welpen un, iwert de Jonghond, bis weider zum erwuesenen Mupp, fir ze verhenneren dat de Mupp sain Sozialverhalen verléiert. Dofir dierfen d'Muppen vun all Alter un desem Kurs deelhuelen, woubai mir den Alter vum Mupp natiirlech berücksichtegen.

 

 

 

D'Muppen mussen léieren mat eiser hecktescher Gesellschaft emzegoen, an emmer méi Léit wellen hieren Mupp mat akaafen huelen, mat an Vakanz huelen, mat op Duerffester huelen,...an dat muss och geléiert gin. 

Dësen Training dauert oft méi lang wéi eng Stonn, well mir "dobaussen" sin an esou trainéieren wéi d'Situatiounen am Alldag entstin.

Mir gin z.B. mat eisen Muppen duerch d'Ettelbrécker Foussgängerzon, oder huelen de Bus op Miersch, oder den Zuch op Diekrech fir do an d'Foussgängerzon ze goen, mir gin op eng Terrasse een huelen, asw. Et ass een ganz variablen Training, wou Prioritéit dodrop laid de Mupp an den Hundeführer mat esou vill wéi méiglech verschidden Situatiounen ze konfrontéieren a wann Problemer optauchen dann och ze léisen.


Och de de Parc merveilleux zu Beetbeuerg kann een Treffpunkt vun eis sin.... och wann mir eis normalerweis éischter am Groussbusser Raum ophaalen.

 

Fotoen dovun fannt dir hei *klick*


 

 Et ass awer also net nemmen "treppelen" goen, mee "Erzéihung am Alldag liewen".

 

Dëst ass also e ganz ofwieselungsraichen Training fir Mupp an Mensch, an mescht och emmer richteg Spaass!

 

 

Bis dann!