Welpentraining

Auerzait: Samsdes vun 9:00 - 10:00 Auer

 

Fir Muppen  bis ca. 6 Méint

 

!! déi éischt Stonn ass gratis !!

Firwat soll een eng Welpeschoul besichen ?

Doduerch dat de Welpen an enger ganz wichteger Entwécklungsphase bei Iech an d’Famill kennt, gëtt äere klenge Mupp aus sengem Léierprozess mat Gläichaltregen erausgerappt. Lo si seng Geschwëster a seng Muppemamm nët méi do vir d’Sozialverhalen vun ärem Welpen opzebauen an ze festegen.

Dofir musst Dir elo ären Welpen förderen an stärken am Alldag, well de klenge Mupp an sengen éischten 6 Liewensméint besonnesch vill léiert an gepräägt gëtt vir säin Liewen als erwuessene Mupp.                                                                        

Dobai ennerstëtzen mir Iech mat eiser Erfahrung a Wëssen, duerch Spiller wou mir mat Iech an Ären Muppen machen, awer och duerch Theorie wou mir Iech vermëttlen, dëst fängt un bei der richteger Ernährung, iwert d’Kämmen bis hin zur Gesondheet vun engem Mupp. Hond.

Wat bidd Iech eis Welpeschoul ?

Duerch d’Welpeschoul bidden mir Iech de verluerene Kontakt zu gläichaltregen Aartgenossen erëm hierzestellen. Duerch Spillen mat aneren Honn, léiert äere Mupp sech mat onser Emwelt auserneenzesetzen, wat seng kierperlech Fähegkeeten an Denkfähegkeeten fördert, an wouduerch de Welpen léiert sech fridlech ze behuelen bei annere Muppen !!!

Mir trainéieren net nemmen op eisem Terrain, mee och op aneren ëffentleche Plazen, vir dass déi kleng Butzen sech vu ganz jonkem un kënnen un all méiglech Situatioune gewinnen.

De Mupp léiert z.B. iwert eppes ze goe wat 40 cm vum Buedem ass, duerch eppes ze goe wat rabbelt, mam Zuch fueren, ..., fir dat heen léiert iech ze vertrauen an dat dëst him keng Angscht mécht.

 

Mir üben mat opgestallten Trainingsparcouren déi welpegerecht sin (Tunnel, Folien, ..), durch CDen mat Geräischer (Sirenen, Camionsgeräscher, …), wou all Woch variéiert gin.

D’Ziel vun eiser Welpeschoul :

- sozialt Verhaalen géigeniwer frieme Persounen  a Muppen

(z.B. net dem Jogger oder de Veloen nolaafen, keng friem Léit usprangen,…)

- de Charakter vun Mupp ze festegen, wouduerch äere Welpen zum emgängleche Familienhond gëtt.

- de Welpe léiert op eng spilleresch Manéier d’Grondregele vum Follege, wéi z. B. Sitz, Plaz, Kommen, roueg an der Léngt goen …dat ganzt ouni Zwang an ouni rappen un der Léngt, mee ganz einfach duerch eng Belounung mat engem Kichelchen oder enger Spillsach

-mee och dem Hond säi Meeschter léiert z.B. wéi e mat sengem Mupp richteg spillt, wéi de Mupp richteg belount gett, wéi eng Bindung a Vertrauen zum Hond opgebaut gëtt, wéi d’Kierpersprooch vum Hond ze verstoen ass,…

Trainere sti selbstverständlech fir all äer Froen iwwert Muppenerzéiung zu Verfügung, wéi z.B. Froen iwert d’Gesondheet, d’Ernährung, wéi een de Welpe léiert eleng bleiwen, wéi e propper gëtt, …

 

 

 

Ganz wichteg : Welpeschoul soll SPASS sin vir de Mupp an säin Meschter !!

Wat sollt dir matbrengen ?

- äere Mupp :) Wichteg!! De Welpe soll ca. 3 Stonnen net gefiddert gi virum Training!

- een Halsband, z.B. Lieder, Nylon,.. (keen Stachelhalsband oder Würger)

- eng Lenkt vun 1-2m z.B. Leder, Nylon, .. (keng Flexi)

- den Impfpass

- kleng Leckerlien an eng handlech Spillsach

D’Welpeschoul gëtt emmer vun méi Traineren gläichzaiteg geleed, sou dat mir d'Méiglechkeet hun, je no de Bedürfnisser vun de Welpe ze trainéieren.

Doduerch dat pro Welpegrupp e puer erfueren Traineren präsent sin, kenne mir méi spezifesch op äer Froen agoen. Och d’Spille vun de Welpen ass doduerch permanent ennert Beobachtung/Kontroll.

 

WICHTEG!!! All Welpen muss entwuermt, géint gängeg Hondskrankheeten an Zwingerhouscht(z.B.Pneumodog) geimpft sin.

 

Vir all weider Renseignementer kennt dir gäeren uruffen beim

Romaine Noé 888322 / 621 350015
 

P.S. Och wann Dir nach keen Mupp hutt, mee interresséiert sidd e Welpen ze kaafen, stin eis Traineren iech gären als Beroder zur Säit.