Members-Iessen ASG

De 4. Februar war dat traditionellt Membersiessen vun der "Hondsschoul an Agilitysport Grosbous"

Wann een um Parking d'Autosdier opgemaach huet, ass engem dee gudde Geroch vu Fierkel um Spiiss entgéint komm. Et huet ee schonns richteg Honger kritt.

Un deene schéin dekoréierten Dëscher huet d'Fierkel dann super gutt geschmaacht.

An als Dessert koum ee Konschtstéck vun engem Kuch. Eigentlech ze schued fir en unzeschneiden. Mee en huet genau esou gutt geschmaacht, ewéi en ausgesinn huet.

Op deene Biller kënnt der de Kuch vun alle Säite bewonneren.

Dem Niki-Sue Moffatt ee ganz grousse Merci fir déi vill Aarbecht.